Wanns du dat heiten liesen kanns, dann baste een vun den Auserwählten, dei ech gäeren bei mengem 40ten Gebuertsdag derbäi hätt :) Yay!

Ech hat mer vill Gedanken gemaach, wat ech gäeren fir meng 40 wéilt maachen an schlussendlech hun ech mer geduecht, dass een jo mol eppes keint maan wat dem Alter entspriechend ass ;)

Dowéinst hun ech welles mat dir an deenen aaneren een Wellness Weekend an den Chalets Petry ze verbréngen!

Ech erkläeren et elo mol mei genee…

Chalets Petry ass eng Wellness Anlage zu Bettel. Se hun immens schein an luxuriéis Chalet’en mat Pool an Jacuzzi an villen aaneren Saachen.

Meng Idee woor et hir sougenannten “Schöne Tage unter Jungs” Offer fir een Weekend ze buchen. (haaaa, gay!)

Mei Detailer zu däer Offer fannt der ennert folgendem PDF:
https://www.chaletspetryspa.lu/sites/default/files/content/pdf/chaletspetry_offre_schone_tage_unter_jungs_2023.pdf

An hei den Knüller: ECH GEIF DAT GANZT FIR IERCH BEZUELEN! Richteg gelies: du gess vun mier dohinner invitéiert! Tadaaa!

Zesummenfaassend gesoot wier et een Weekend an engem gäilen Chalet, mat Béier, BBQ, evtl. Massagen, Pool, Sauna (alles privat fir eis).
Den Chalet deen ech weilt buchen wier (natierlech!) den Chalet MOSEL #musel4ever
https://www.chaletspetryspa.lu/de/chalets/mosel

Den Plang ass den Weekend vum 6ten bis 9ten Dezember dohin ze goen. D.h. den 6ten Dezember (Freides) dohin (Nomettes, well et kann een reischt ab 15 Auer anchecken an dann kennen dei mat Kanner moies och nach Niklosdag maachen doheem) an den 9ten Dezember (Méindes) erem heemfueren.

Chalets Petry sin oft ganz, ganz seier méintelaang am Firaus ausgebucht an dowéinst géif ech dat elo gäeren sou seier wei meiglech reservéieren, soss fällt d’Idee an d’Waasser.
Doweinster brauch ech ESOU SEIER WEI MEIGLECH eng Zou- oder Oofsoo vun dir. Ma mir einfach een Message asap wouste mer sees opste derbäi bass oder net. Ech well kucken dass mer, mech inclus, zu 5 sinn. (et sin 5 Schloofkummeren, dann hätt jiddereen seng eegen obwuel un sech Plaatz fir 8 Leit ass)

Niewend dem Fait dass ech dann den ganzen Chalet bezuelen, well ech als Bonus Ierch och nach eng Optioun offréieren. Ech buchen mol definitiv och dei sougenannten “Erstbefüllung Kühlschrank” sou dass den Frigo schon mol bessi gefellt ass wann mer do ukommen ;)

Mee ech geif och nach eng sougenannten Aromaölmassage 60min, eng Hot Stone Massage 60 min, eng Kräuterstempelmassage 60 min oder eng Basische Salzölmassage 60 min pro Persoun offréieren. Schreift mir einfach wei eng dofunner daste weils. Et gin och nach aaner Massagen an Servicer sur place, dei misst der dann awer selwer bezuelen wanns du mei wei just dei eng wells :)

An deem Senn hoffen ech daste derbäi bass :) Wann bis gewosst ass ween alles matgeet an dat ganzt gebucht ass, kennen mer am Laf vum Joer eis namol oofschwätzen waat mer vlait vun Saachen wellen maachen an op mer vlait Restauranten am firaus wellen reserveieren asw.

Merci an bis geschwenn :)

- Sacha